Hautdesdaags ass d’Uschafe vun engem Auto a finanzieller Hisiicht eng Investitioun, déi zimlech an d’Geld schléit.
Als Courtier si mir an der Lag, Iech déi beschte Konditiounen um Versécherungsmaart unzebidden, déi ganz op Är Bedierfnesser ofgestëmmt sinn, egal, wat fir e Gefier Dir wëllt versécheren.
Well d’Zefriddenheet vun eise Clientë fir eis ëmmer en zentraalt Uleies ass, iwwerhuele mer gären d’Gestioun vun Ärem kompletten Dossier (neien Auto, Upasse vun de Garantien, Regele vum Sinister, Ersatzauto, asw.) a vertrieden an engems och Är Interêten.
Hei fannt Der eng Auswiel vu Versécherungsproduiten:
HAFTFLICHT
Dës Garantie ass no der Lëtzebuerger Gesetzgebung obligatoresch an deckt dem Versécherte seng Responsabilitéit bei Persounen- an / oder Materialschued, deen hie mat sengem Gefier verursaacht. Dozou gehéieren och Schied, déi Leit betreffen, déi matfueren.
VERTEIDEGUNG A RECOURS / RECHTSSCHUTZ
Dës Garantie hëlleft Iech, Är Rechter duerchzesetzen a se schützt Iech viru Kloe vun Drëttpersounen, ouni dass Der Iech ëm déi finanziell Konsequenze misst Suerge maachen, esou dass Der Iech kënnt verteidegen.
FEIER / DÉIFSTALL / GLASBROCH
An dëser Garantie si Schied duerch Naturgewalten oder Wëldschued abegraff.
MATERIALSCHUED
Dës komplett Garantie bitt eng ganz Rei Virdeeler, ewéi z. B.:
- de Materialschued un Ärem Auto am Fall vun engem Onfall gëtt gedeckt, egal ob dëse vun engem Drëtte verursaacht gouf oder net
- de Wäert an de Wäertverloscht vun Ärem Gefier bleiwen erhalen, dank der Neiwäertgarantie
- en Ersatzauto gëtt Iech zur Verfügung gestallt, am Fall vun engem Accident oder wann Ären Auto geklaut gëtt
- progressiivt Erofsetze vun der Primm jee nodeem, wéi al Ären Auto ass
- Prise en charge vun de Reparaturkäschten, esou dass d'Garage direkt ka bezuelt ginn
- Upassen / Flexibilitéit beim Festleeë vun Ärer Franchise
ASSISTANCE
Bei engem Accident oder eng erweidert Assistance am Fall vun enger Pann.
VERSÉCHERUNG FIR DE CHAUFFER
Dës Garantie entschiedegt de Chauffer, onofhängeg dervun, ob hien den Accident verursaacht huet oder net; d'Entschiedegung riicht sech no de Kierperverletzungen a Verméigensschied, déi tatsächlech entstane sinn.
Onfallversëcherung
Dës Versécherung gouf ausgeschafft, fir Är Familljememberen an alleguer d'Leit, déi am versécherten Auto matfueren, géint d'Konsequenze vun de Risike vu Verkéiersaccidenter ze schützen.
GEPÄCK