Zousazkrankenversécherung
Wéi wier et, wann Der Ärer Gesondheet deen nämmlechte Stellewäert géift ginn ewéi Äre Geschäfter?
Wat déi modern Medezin sech méi weiderentwéckelt, wat d'Gesondheetsfleeg méi deier kascht. Déi positiv Konsequenz dovunner, an zwar dass d'Liewenserwaardung sech ëmmer méi verlängert, gëtt doduerch nach beschleunegt. An deem Kontext, a fir d'Finanzéierung vun der Sozialversécherung laangfristeg ze garantéieren, ass et evident, dass d'Prestatioune vun der Gesondheetskeess musse kadréiert an no uewe begrenzt ginn.
D'Evolutioun bei der Medezin bitt jiddwerengem d'Méiglechkeet, vu Confortleeschtungen ze profitéieren, déi de Minimum iwwerschreiden, deen als néideg ugesi gëtt, op deen een awer net méi wëllt verzichten.