Haftflicht
Eng privat Haftflicht ass e Kontrakt, deen déi finanziell Konsequenze garantéiert, déi e Versécherte misst droen, wann hie bei engem Drëtten e Schued oder Verletzunge verursaacht, sief et duerch Noléissegkeet, duerch Onvirsiichtegkeet, duerch seng Kanner, Employéen, Déieren oder duerch Saachen, fir déi hie verantwortlech ass. Allerdéngs gräift se net, wann de Versécherte mat Absicht gehandelt huet.