MESSAGE
Contact
Medien
Betriber
Privatleit
Versëcherungscourtier zënter 1983

Iwwert ons

Medien > Eis Gesellschaft > Iwwert ons

D'ROLL VUM COURTIER

Wéi eisen Numm et scho seet, si mir e Courtier, dee sech op d'Deckung vu Risiken an de Beräicher vun de Medien a vun der Kommunikatioun spezialiséiert huet. Zanter méi ewéi 35 Joer si mir als en internationale Leader an deene Beräicher unerkannt. Als privilegiéierte Partner vu Firmaen, déi am Beräich vun der Produktioun, der Editioun, der Kreatioun vu Publicitéiten an och vun der Produktioun, der Distributioun an der Exploitatioun vun audiovisuellen Dokumenter schaffen, bidde mir global Léisungen un, déi alleguer d'Ofsécherungen abegräifen, déi Dir braucht. Zu eise Clientë gehéiere bedeitend europäesch Sociétéiten, déi am Mediesecteur schaffen: Televisioun, Radio a Produktioun vun allméiglechen audiovisuellen Dokumenter, déi iwwer alleguer déi modern Kommunikatiouns- a Vermaartungsweeër distribuéiert ginn.
Mir sinn aus RTL Group erausgewuess a bidden Iech en Know-how, deen op Är Aktivitéit ofgestëmmt ass. Well mir Är Tätegkeet kennen, wësse mir genee, vu wat Dir schwätzt. Dëst erlaabt et eis, Iech e grousse Choix u méigleche Léisungen unzebidden, déi Äre Bedierfnesser a Saache Versécherung entspriechen.

Natierlech kënnen net eleng Clienten aus dem Medieberäich vun eiser laangjäreger Erfarung profitéieren. Zanter Jore këmmere mer eis och ëm renomméiert Clienten aus verschidde Secteure vun der Ekonomie, hei zu Lëtzebuerg an och an Europa.

Zousätzlech dozou betreie mer mat Erfolleg eng privat Clientèle, déi konstant wiisst.

AVANTAGÉIS PRIMMEN DANK EISE WELTWÄITE KONTRAKTER

Während déi meescht Courtiere lokal agéieren an akafen, denkt an handelt Media Assurances zu Lëtzebuerg international, an zwar säit 1983. Opgrond vum grousse Volume u Versécherungskontrakter, déi mir haut geréieren, an un Accorden a Kaderkonventiounen, déi mer ofgeschloss hunn, leien d'Tauxe vun eise Primmen ënner dem Niveau vum Marché.

EN ONOFHÄNGEGE PARTNER

Als Courtier si mir u kee bestëmmte Versécherer gebonnen. Mir kënnen also vun deene beschte lokalen an internationale Versécherungsgesellschafte fräi déi Offeren auswielen, déi sech fir Iech am beschten eegnen. Ob per Telefon, per E-Mail oder per Post, egal iwwer wat fir e Wee Dir Iech mat eis a Verbindung setzt, mir garantéieren Iech, dass Är Demande professionell behandelt gëtt, esou ewéi et och ënner "Missiounen a Wäerter" steet.

AM NOUTFALL ENG SÉIER HËLLEF

Bei engem Sinister ass eng séier a pragmatesch Hëllef eis absolut Prioritéit.
WeiderGid méi gewuer
Dës Websäit benotzt Coookien fir Iech perséinlech Informatiounen an Offeren matzedeelen.
Andeems Dir op "Weider" klickt, akzeptéiert Dir dëse Gebrauch.