Berufshaftflicht
De Kontrakt vun der Berufshaftflicht deckt d'Verteidegungskäschten an och en eventuelle Schuedenersaz bei enger Mise en cause vun Ären Déngschtleeschtungen. Esou eng Mise en cause ka vu Clienten oder vun engem Drëtte kommen, bei deem e Schued entstanen ass, well Der Äre Service schlecht oder guer net ausgeféiert hutt. De Betrag vun der Garantie, deen a Versécherungsjore formuléiert ass, deckt d'Verteidegungskäschten, dat heescht d'Honorairë vun den Experten a vun den Affekoten, déi engagéiert ginn, fir Är Rechter ze verteidegen, esou ewéi och de Schuedenersaz am Fall vun enger Veruerteelung.