Dës Police kompenséiert d'Léisegeld, dat Der fir eng oder méi Persounen hutt misse bezuelen, déi entféiert goufen. D'Basisgarantië vun enger Entféierung- a Léisegeldversécherung ëmfaassen:
- eng Ënnerstëtzung am Fall vun enger Entféierung
- d'Honorairë vun engem spezialiséierte Prestataire, fir d'Kris ze geréieren
- Fraisen, déi néideg sinn, fir d'Menacen ze stoppen oder d'Persounen ze befreien an d'Saachen erëmzekréien
- de Betrag vum Léisegeld
- Kapital am Doudesfall oder am Fall vun enger Invaliditéit