Dëst ass eng Garantie géint finanziell Perten, déi bei Iech oder Äre Clienten entstane sinn, well bannent oder ausserhalb vun Ärem Betrib béiswëlleg Handlungen oder Bedruch gemaach gouf. Eng Assurance géint Verbrieche soll d'Perten ofdecken, déi Dir duerch Bedruch oder duerch eng béiswëlleg Handlung vun engem Salarié oder engem Drëtten hat. Beispiller:
- Vertrauensmëssbrauch, dat heescht Verontreie vu Verméigen, vu Gelder
- Gaunerei, dat heescht e Bedruch, deen op eng Iwwerweisung vu Gidder, Fongen oder Verméigen ziilt
- Fälschungen a Gebrauch vu Fälschungen, dat heescht eng kriminell Verfälschung vun der Wourecht, déi e Schued verursaacht
- Fälschungen a Scheckfälschungen