MESSAGE
Contact
Medien
Betriber
Privatleit
Versëcherungscourtier zënter 1983

Haftflichtversécherung fir Administrateuren an Direkteren

Betriber > Eis Produkter > Haftflichtversécherung fir Administrateuren an Direkteren
Eng Versécherung fir d'Responsabilitéit vun den Administrateuren an Direkteren soll d'Verteidegungskäschten, esouwuel zivil- ewéi och strofrechtlech, decken, an och e Schuedenersaz, wann eng Mise en cause géint en Administrateur oder en Direkter am Kader vu senger Funktioun virläit.

Verséchert sinn:
  • de jure-Direkteren, Mandataire-sociallen an de facto-Direkteren, wat all déi Salariéë kënnen sinn, déi d'Direktioun oder d'Kontroll vun enger Aarbecht kënnen iwwerhuelen
Eng Mise en cause géint en Administrateur/Direkter ënner sengem Numm ka gemaach ginn, falls hie géint gesetzlech a reglementairë Bestëmmungen oder géint d'Statute vum Betrib verstouss huet, oder wéinst engem einfache Managementfeeler. Egal wat fir eng Rechtsform de Betrib huet, fir Handlungen, déi dem Betrib schueden, ob et Absicht war oder net, ass bei engem Managementfeeler den Administrateur/Direkter perséinlech haftbar.

D'Garantië fir d'Verteidegungskäschten an de Schuedenersaz goufen erweidert op eng Prise en charge vun de Krisemanagementskäschten am Fall vun enger Mise en cause, vun engem Coaching vum Administrateur/Direkter a besonnesch wa spezialiséiert Prestatairen den Image erëm mussen hierzestellen.

De Betrag vun der Garantie ass a Versécherungsjoren ausgedréckt a stellt e Maximalwäert duer, fir deen de Versécherer opkënnt. D'Haftflichtversécherung fir Administrateuren an Direkteren schützt Iech géint Perten, wann eng Klo viru Geriicht géint Iech virläit wéinst engem Feeler, deen Der am Kader vun Ärer Funktioun gemaach hutt, an och géint Perten, déi zeréckzeféiere sinn op Manquementen an Ären Obligatiounen, Noléissegkeeten, falsch Aussoen, Feeler an Omissiounen, ob se tatsächlech stattfonnt hunn oder nëmme presuméiert sinn.
Är Kontakter
Sophie DOGOT
Executive Account Manager
Claude HARY
Executive Account Manager
Tom BAUSCH
Account Manager
Salvatore DI GIACOMO
Senior Account Manager
Mellt Iech bei ons

Eng Offer ufroen

Titel
Virnumm
Familjenumm
Societeit
TVA Nummer
Strooss
Postleitzuel
Uertschaft
Land
E-mail
Noricht
Dokument
WeiderGid méi gewuer
Dës Websäit benotzt Coookien fir Iech perséinlech Informatiounen an Offeren matzedeelen.
Andeems Dir op "Weider" klickt, akzeptéiert Dir dëse Gebrauch.