MESSAGE
Contact
Medien
Betriber
Privatleit
Versëcherungscourtier zënter 1983

Perte d'exploitation

Betriber > Eis Produkter > Perte d'exploitation
E Sinister (Feier, Iwwerschwemmung, Stuerm, asw.) kann d'Aktivitéite vun engem Betrib perturbéieren an deemno wéi schwéier finanziell Konsequenze mat sech bréngen. No engem schwéiere Schued ass déi betraffen Entreprise mat enger Baisse vun hirer Aktivitéit konfrontéiert, déi och laang kann unhalen, wann d'Produktioun net esouguer ganz muss gestoppt ginn. Dëst ka massiv finanziell Konsequenze mat sech bréngen.

Eng Versécherung géint Perte d'exploitation erlaabt et der Entreprise, d'Auswierkunge vum Verloscht beim Ëmsaz ze kompenséieren a fir hir fest Ausgaben opzekommen an déi permanent Allgemengkäschten ze decken (Amortissementer, Steieren an Taxen, Loyeren, Personalkäschten, Zënse vun de Prêten, asw.). Dës Assurance erméiglecht et der Entreprise och, fir zousätzlech Käschten opzekommen, déi nom Sinister entstane sinn.

D'Indemnitéiten, déi Der bei enger Perte d'exploitation kritt, sollen de Verloscht vum Ëmsaz kompenséieren. Si erméiglechen et der Entreprise, nees an déi Situatioun ze kommen, an där si gewiescht wär, wann de Sinister net stattfonnt hätt. De Versécherer an déi spezialiséiert Experte sichen och no Léisungen, fir dass d'Aktivitéit esou séier ewéi méiglech nees kann opgeholl ginn.

D'Entreprise ka sech zemools géint en Ausfall vun den Aktivitéite versécheren, deen entsteet duerch:
  • Feier, Explosioun, Blëtzschlag
  • Schied un den elektreschen Apparaten
  • Waasserschued
  • Maschinnebroch
  • Stuerm, Knëppelsteng, Gewiicht vum Schnéi op den Diecher (nëmmen d'Garantie Tempête ass obligatoresch)
  • Naturkatastrophen (obligatoresch ausgestallt Garantie beim Ofschléisse vum Kontrakt)
  • Kollisioun vu motoriséierte Gefierer u Land
  • Opstänn an Onrouen, Vandalismus
  • Attentater, terroristesch Akten (obligatoresch bewëllegt Garantië beim Ofschléisse vum Kontrakt)
Är Kontakter
Sophie DOGOT
Executive Account Manager
Tom BAUSCH
Key Account Manager
Laetitia CHARAUX
Senior Account Manager
Mellt Iech bei ons

Eng Offer ufroen

Titel
Virnumm
Familjenumm
Societeit
TVA Nummer
Strooss
Postleitzuel
Uertschaft
Land
E-mail
Noricht
Dokument
WeiderGid méi gewuer
Dës Websäit benotzt Coookien fir Iech perséinlech Informatiounen an Offeren matzedeelen.
Andeems Dir op "Weider" klickt, akzeptéiert Dir dëse Gebrauch.