D'Käschte vun enger Réckruffaktioun entstin beim Versécherten entweder fir de Public ze warnen, fir e Produit zeréckzezéien, falls dëse Kierperverletzungen an / oder Materialschued kéint verursaachen oder wéinst engem Dysfonctionnement.
Beispiller vu Käschte fir e Réckruff:
- de Public warnen
- de Produit identifizéieren a sichen
- dréngend Moossnamen huelen, fir dee betreffende Produit ze isoléieren, aus dem Verkéier ze zéien oder ze transportéieren
- Fraise fir d'Tëschelageren
- zousätzlech Personalkäschten a Fraisen, fir Material ze lounen
- Fraisen, fir de Produit ze vernichten
D'Garantie "Käschte fir e Réckruff" ass ganz wichteg, wann de Produit, dee verkaaft, hiergestallt oder geliwwert gëtt, zu de gängege Konsumgidder gehéiert. Wann et sech erausstellt oder de Verdacht besteet, dass esou e Produit, deen am Ëmlaf ass, eng Gefor fir d'Gesondheet oder fir d'Sécherheet vum Konsument duerstellt, muss en zeréckgezu ginn, ob fräiwëlleger Basis oder op Unuerdnung vun enger kompetenter Autoritéit.