De Versécherungskontrakt géint Cyberkriminalitéit huet als Zil, no enger Cyberattack Är Responsabilitéit esou ewéi och Äre Schued ze decken. D'Basisgarantië vun enger Cyberkriminalitéitsversécherung betreffen:
- Är Responsabilitéit, nodeem Donnéeë verluer oder geklaut gi sinn
- d'Fraisen, fir d'Proprietäre vun den Donnéeën ze informéieren, nodeem Donnéeë verluer oder geklaut gi sinn
- d'Honorairë vun engem spezialiséierte Betrib, deen d'Sécherheetslacune identifizéiert an nees zoumécht
- d'Fraisen, fir déi verlueren Donnéeën nees hierzestellen
- d'Fraisen, fir de beschiedegte Site nees online ze setzen
- d'Erträg, déi opgrond vun der Cyberattack ausgefall sinn
- d'Käschte vun der Krisekommunikatioun
- de Montant vum Léisegeld an d'Honorairë vun de spezialiséierte Beroder am Fall vun enger Erpressung