MESSAGE
Contact
Medien
Betriber
Privatleit
Versëcherungscourtier zënter 1983

Missioun a Wäerter

Betriber > Eis Gesellschaft > Missioun a Wäerter

VERHALENSREGELEN

D'Sociétéit Media Assurances S.A. ass eng Maklergesellschaft am Beräich vun den Assurancen. Se steet am Lëtzebuerger RCS ënner der Nummer B 20 311 mat Sëtz um 43, boulevard Pierre Frieden, L-1543 LËTZEBUERG, an och beim Commissariat aux Assurances am Registre des sociétés de courtage agréées au Grand-Duché de Luxembourg, ënner der Nummer 2003CM002.

Als onofhängege Courtier fir Assurancë besteet eis Roll virun allem doran, Iech beim Ofschléissen a bei der Gestioun vu Versécherungskontrakter ze beroden. Esou
  • bidde mir Iech Versécherungskontrakter un, déi Äre Besoinen entspriechen
  • erleedege mir déi ganz Viraarbecht, ier e Kontrakt ofgeschloss gëtt
  • schléisse mir esou Versécherungskontrakter of an hëllefen duerno bei der Gestioun a bei der Ausféierung, besonnesch am Fall vun engem Sinister, a
  • vertriede mir Är Rechter bei deene verschiddenen Intervenanten um Marché vun den nationalen an internationalen Assurancen, an haaptsächlech bei de Versécherungsgesellschaften.
Eis Berodung fir Versécherungskontrakter baséiert op onofhängegen, objektiven a personaliséierten Analysen, déi op Vergläicher vun enger adequater Unzuel vu Versécherungsoffere berouen. Esou kënnt Der eng informéiert Entscheedung treffen.

An deem Sënn sammele mer Informatiounen iwwer Är Ufuerderungen an Är Besoinen, fir dass mer Iech, no eisen Analysen, Etüden a Kontrollen, déi passend Versécherunge kënnen ubidden. Eng ausgibeg Analys vun de Versécherungsofferen a -konditiounen erlaabt et eis, Är Uspréch, fir duerch eng Assurance ofgeséchert ze sinn, ganz ze erfëllen, esouwuel, wat d'Konditioune betrëfft, ewéi och, wat d'Primmen ugeet, déi d'Versécherungsgesellschafte froen.

RGPD

Mir halen eis un d'Dateschutzreglement (RGPD, dat de 25. Mee 2018 a Kraaft getrueden ass).

Link op « Données personnelles »

RICHTLINNEN ZU INTERESSEKONFLIKTER

Media Assurances S.A. ass weder direkt nach indirekt am Besëtz vun enger Versëcherungsgesellschaft,an hued keng Participatiounen, Stëmmrechter oder Kapital an enger Versëcherungsgesellschaft.

EIS REMUNERATIOUN

An der Regel gëtt Media Assurances S.A. duerch Kommissioune remuneréiert, déi an de Primme mat abegraff sinn.

KONFLIKTLÉISUNG

Jiddwer Client an all Betraffene ka bei Media Assurances S.A. e Recours à l'amiable maachen am Fall vun enger Plainte oder vun enger Reklamatioun. Falls Der net zefridde wiert, kënnt Dir Iech des Weideren un de Commissariat aux Assurances wenden, 7, boulevard Joseph II L-1840 Lëtzebuerg – E-Mail: commassu@commassu.lu – Internet : www.commassu.lu . Ausserdeem hutt Der nach d'Méiglechkeet, iwwer de Geriichtswee ze goen.

An dësem Kontext hu mir och eng Prozedur entwéckelt betreffend Reklamatiounen vun Clienten.
WeiderGid méi gewuer
Dës Websäit benotzt Coookien fir Iech perséinlech Informatiounen an Offeren matzedeelen.
Andeems Dir op "Weider" klickt, akzeptéiert Dir dëse Gebrauch.