bckgrd_up
upright
bckgrd_up
   
  spacer
Iwwert ons
De Versëcherungsmakler,
Äre Partner a Versëcherungssaachen

Als onofhängegen Versëcherungsmakler si mir an der Lag, Iech déi virdeelhafts Bedingungen um Versëcherungsmaart unzebidden. Dat erreeche mir doduerch, datt mir déi verschidden Versëcherungsgesellschaften an engem Leeschtungsvergläich géigeniwwerstellen.

Eng detailléiert Analys vun de Versëcherungsproduiten a –bedingungen, déi um Maart ugebuede ginn, erméiglechen eis, Iech Léisungen ze proposéieren, déi ganz op Är speziell Bedürfnisser ofgestëmmt sinn.

Mir sin e Versëcherungsmakler, deen sech op d’Couverture vu Risiken aus dem Medienberäich an aus der Kommunikatioun spezialiséiert huet.

Als hausinternen Versëcherungsmakler vun RTL Group mat séngen weltwäiten Filialen, kënne mir Iech e Savoir-Faire ubidden, deen op Äre spezielle Business ofgestëmmt ass. Well mir Ärt Geschäft kennen, wësse mir genau, vu wat mir schwätzen. Esou si mir an der Lag, Iech eng breed Palett vu Léisungen fir Är verschidden Besoinen a Saachen Versëcherung unzebidden.

Natiirlech offréieren mir eis laangjähreg Erfahrung nët nëmmen un Client’en aus dem Medienberäich. Zënter Joren këmmeren mir eis och ëmt renomméiert Client’en aus den verschiddenen Secteuren vun der europäescher Economie. Zousätzlech betreien mir mat Erfolleg eng privat Clientèle déi konstant wiist.

AVANTAGÉIS PRIMEN DANK EISE WELTWÄITEN KONTAKTER
Während déi meescht Versëcherungsmakler op hirem lokale Marché... Ausland. Op Grond vun dem grousse Volume vu Versëcherungskontrakten, déi mir géréieren, leien eis Primen am allgemengen ënnert dem Niveau vum Marché.

EN ONOFHÄNGEGE PARTNER
Als Versëcherungsmakler si mir nët un e bestëmmten Assureur gebonnen. Mir kënnen also vun dene beschten lokalen an internationalen Versëcherungsgesellschaften fräi déi Offeren auswielen, déi mir als am gëeegensten fannen. Telefon, Fax, E-mail oder iwwert den tradionnelle Postwee, egal iwwert wat fir e Wee Dir Iech mat eis a Verbindung setzt, mir garantéieren Iech, dat Är Demande professionnell ofgewéckelt get. Mir offeréieren Iech e personnaliséierte Service a mir besichen eis Clienten regelméisseg fir hir Versëcherungskontrakten unzepassen a fir d'Lienen vun eiser Partnerschaft weider ze festegen.

SCHNELL HËLLEF AN ENGEM NOUTFALL
Bei engem Schuedensfall ass eng séier an onkomplizéiert Hëllef eis absolut Prioritéit.

RTL Group
Media Assurances gehéiert zou der RTL Group,
dem gréissten audiovisuellen Unternehmen an Europa.

UNIBA
Zënter 2000 ass Media Assurances Member vun der UNIBA.



red_bar

Aer Kontaktpersoun:
Pierrot Gieres

 

Pierrot Gieres
Chief Executive Officer

+352 26 35 59 - 5800
pierrot_gieres@media-assurances.com