bckgrd_up
upright
bckgrd_up
   
  Auto
Hautesdags ass d’Uschafen vun engem Auto a finanzieller Hinsicht eng Investitioun, déi zimlech an d’Geld schléit.

Als Versëcherungsmakler si mir an der Lag, Iech déi virdeelhaftst Bedingungen um Versëcherungsmaart unzebidden, ganz op Är Bedürfnisser ofgestëmmt an onofhängeg dovun, wat vir en Autostyp Dir versëchere wëllt.

Well d’Zefriddenheet vun eise Clienten fir eis en zentrallt Uleies ass, iwerhuelen mir gären d’Verwaltung vun Ärem kompletten Versëcherungsdossier (Autowiessel, Upassung vun der Couverture, Ersetzen vum Schued, Bereetstellung vun engem Ersatzauto, asw…)

Hei éng Äuswiel vu Versëcherungsproduiten, déi mir Iech kënnen ubidden :

AUTO-HAFTPFLICHTVERSËCHERUNG
Dës Couverture ass nom Lëtzebuerger Gesetz obligatoresch an deckt d'Haftung vum Preneur d'assurance bei Persoune- an/oder Materialschied, déi hien mat sengem Auto verursacht. Dozou gehéieren och Persouneschied, déi d'Autosinsassen erleiden.

RECHTSSCHUTZVERSËCHERUNG
Dës Versëcherung hëlleft Iech, Är Rechter duerchzesetzen a schützt Iech viru Fuerderungen vun Drëttparteien, ouni datt Dir Iech ëm déi finanziell Konsequenzen misst Suerge machen. Eng Rechtsschutzversëcherung erméiglecht Iech, mat juristesche Moyenen Är Rechter ze verdeedegen.

FEIER-/ DEIFSTAL- A GLASBROCHVERSËCHERUNG
An dëser Couverture si Schied durch Naturgewalten oder Zesummestéiss mat Wëld abegraff.

KASKO
Dës emfangräich Couverture bidd eng ganz Rei vu Virdeeler, wéi z.B.:

  • D’Materialschied un Ärem Auto sin ofgedeckt, egal ob d’Akzident vun enger

  • Drëttpersoun verursaacht gouf oder nët.

  • Den Neiwäert vun Ärem Auto bleiwt operechterhalen.

  • Gestaffelt Erofsetzen vun der Prime je no Alter vun Ärem Auto.

  • Prise en charge vun de Reparaturkäschten an direkt Bezuelen vun der Rechnung un de Garage;

  • Upassung/Flexibilitét beim Festleeën vun Ärer Franchise.

GARANTIE ASSISTANCE
Des Garantie bidd Iech verschidden Hëllefsleeschtungen bei engem Akzident oder eng erweidert Bäistandsleeschtung am Fall vun enger technescher Pann un Ärem Gefir.

ONFALLVERSËCHERUNG FIR DE CHAUFFEUR
Desen Typ Onfallversëcherung ass e Versëcherungsschutz zugonschten vum Chauffeur, onofhängeg dervun, ob hien d'Akzident verschëldt huet oder nët; déi ausbezuelten Entschiedegung riicht sech no dem tatsächlech erliddenen kierperlechen oder wirtschaftleche Schued.

VERKÉIERSONFALLVERSËCHERUNG
D'Verkéiersonfallversëcherung bidd Ären Familienmemberen a sämtlechen Insassen vum versëcherten Auto Versëcherungsschutz géint d'Folgen vun Akzidenter.

GEPÄCKVERSËCHERUNG


orange_bar

Aer Kontaktpersoun:
Claude Hary

 

Claude Hary
Senior Account Manager
Private clients

T: +352 26 35 59 - 5809
claude_hary@media-assurances.com