bckgrd_up
upright
bckgrd_up
  spacer
  Medien-Risiken
PRODUKTIOUN
Den Tournage oder d'Postproduktioun vun enger Publizitéit, ob fir d'Televisioun oder fir de Kino, sinn ëmmer kritesch Phasen, wou Är Firma grouss Risiken ageht. En Akzident, och wann ët näischt Schlëmmes ass, kann onerwaarte Perten oder Verzögerungen mat sëch bréngen, an ënner Emstänn de ganze Projet a Fro stellen.

NEI MEDIEN
Dat audiovisuelt Ëmfeld huert sech verännert. Mir stinn virun enger kompletter Integratioun vun dene neie Medien, déi elo schons zum Deel méi oft genotzt ginn wéi déi traditionnell Medien. Des Konvergenz bréngt eng Demultiplikatioun vun der Interaktion mat dene verschiddenen Ciblen mat sech.

Internet, Intranet, Extranet, Handy: wat déi digital Technologien méi performant ginn, wat se och ëmmer méi eng wichteg Roll an Ärem Geschäftsalldag spillen. Dat kann esou wäit goën, datt äre Betrieb regelrecht dovunner oofhängeg gëtt. Stellt Iech ënnert esou Bedingungen emol vir, wat fir eng Katastrof e Crash vun Ärem Serveur do géif ausléisen wann Dir doduerch fir enger länger Zäit net méi kënnt online sinn. Do kann een sech gudd e Bild machen, wat fir e Schued duerch den Ausfall oder duerch d'Beschiedegung vun Ärem Material kéint entstoen.

Déifstall, Akte vu Vandalismus a Piratage, e Feier: dat sinn alles leider ganz reell Risiken.

E puer Clienten a Produktiounen, déi mir versëcheren:

RTL Lëtzebuerg eldoradio
Luxe TV eveant
Milionar Nuits d'Arabie
Perl oder Pica
Ich bin ein star holt mich hier raus
Alarm fur cobra La reveanche des chomeurs

orange_bar

Aer Kontaktpersoun:


 

Vincent Valentin
Senior Account Manager
International. Film Productions
FremantleMedia & Dutch Market

+352 26 35 59 - 5810
vincent_valentin@media-assurances.com